D’Moiesmonster

E Kannerbuch vum Narmina Pasqualoni a vum Zoé Thill

Wéi erkläert een engem klenge Kand, wat e Morgenmuffel ass? Well gaaaanz fréi moies, nach éier eng 6 vir um Wecker steet, si vill kleng Kanner scho  monter a bereet fir an den Dag ze starten, mä hir Eltere si leider nach guer net waakreg an iwwerhaapt net prett fir iergendeppes ze ënnerhuelen… héchstens fir eng Taass Kaffi ze drénken. Genee dovun erzielt dëst Kannerbuch, dat vum Narmina Pasqualoni mat engem Aaenzwinkere geschriwwen a mat ganz vill Léift vum Zoe Thill illustréiert gouf.

No „Schéi komplizéiert“ an dem Krimi „Déi Saach mat der Méck“ ass dëst dem Narmina Pasqualoni säin éischt Kannerbuch, wärend d’Zoe Thill schonn Erfarung mam Buch „Wann ech net schlofe kann, hëlleft mir vläicht dës Geschicht?“ (Philou) sammele konnt. „D‘Moiesmonster“ ass fir Grouss a Kleng, fir déi, déi moies opkommen, an déi, déi léiwer géife leie bleiwen, fir déi mat den Iddien an déi, déi sech selwer net ze eescht huelen. Loosst iech vum Mia begeeschteren, wann hatt iech mat op seng Aventure bei d’Moiesmonster hëlt. A wie weess, vläicht hutt dir och e Moiesmonster doheem.  

“D’Moiesmonster” kann een an de Librairien Ernster an Diderich kafen.

Narmina Pasqualoni

1986 zu Lëtzebuerg gebuer, huet d’Narmina Pasqualoni nach ëmmer gär gelies a geschriwwen. Hatt huet zu Heidelberg a Saarbrécken däitsch an englesch Literatur studéiert a versicht elo als Proff seng Léift fir dës Sproochen un déi nächst Generatioune weiderzeginn. „Schéi komplizéiert“ war säin éischt fikitiivt Wierk. Wann e Buchclub ugesot ass, ass hatt och am VANdalinnen-Podcast mam Shari Schenten a Paule Kremer dobäi.

Publikatiounen:

Pasqualoni Narmina: Déi Saach mat der Méck. Epubli, 2025.

Pasqualoni Narmina; Thill Zoé: D’Moiesmonster. 2026.

Pasqualoni Narmina: Schéi komplizéiert. Epubli, 2023.