vum Shari Schenten

Lama Glama 

Op eemol steet e Lama am Gaart. Wéi ass et dohi komm? Wat mécht et do a wéi gëtt een et erëm lass? Oder vläicht sinn dat déi falsch Froen, déi ee sech stelle soll. D’Lama hëlt ee mat op eng Rees, wann ee sech drop aléisst.

Sprooch: Lëtzebuergesch

104 Säiten

ISBN: 9783565443413

D’Buch kann een an der Librairie Ernster, op Amazon an op Kindle kafen.

Shari Schenten

D'Shari Schenten huet Germanistik a Romanistik zu Heidelberg studéiert an nach e Master an der Luxemburgistik gemaach. Hatt ass Lëtzebuergeschproff an ass op d'Enseignéiere vum Lëtzebuergeschen als Friemsprooch spezialiséiert. An deem Kader huet hatt d'Buchrei "A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch" erausginn an huet vun 2018 bis 2023 als Enseignante vacataire e Seminar op der Universitéit vu Lëtzebuerg zu deem Theema ginn. Vun 2009 bis 2025 huet hatt als Freelance-Journalistin bei RTL Radio geschafft, virun allem am Beräich vum Sport. Vun 2021 bis 2025 war hatt en Deel vun der Emissioun "Afterwork".

Zesumme mam Paule Kremer mécht hatt de Podcast "VANdalinnen" a mécht och soss verschidde Moderatiounen.

Publikatiounen:

  • Schenten, Shari:  „(K)Eng Fraewelt", Selbstverlag, Differdange, 2025.
  • Schenten, Shari:  „De Mystère vun der Ketten. En Orthographietraining”, Selbstverlag, Differdange, 2025.
  • Schenten, Shari: „ De Mystère vun der Ketten. Level A2”, Selbstverlag, Differdange, 2025.
  • Schenten, Shari: “Lama Glama.” Selbstverlag, Differdange, 2026.
  • Schenten, Shari: „A lass. Mir léieren d'Lëtzebuerger Grammaire. 1", Ernster Éditions, Luxembourg, 2025.
  • Bleser, Simone; Schenten, Shari: „A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch. A1“, Ernster Éditions, Luxembourg, 2023.
  • Bleser, Simone; Schenten, Shari: „A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch. A2.1“, Ernster Éditions, Luxembourg, 2024.
  • Bleser, Simone; Schenten, Shari; Wilmes Noémie:  „A lass mir léiere       Lëtzebuergesch. A2.2”, Ernster Éditions, Luxembourg 2025.