Déi Saach mat der Méck
vum Narmina Pasqualoni
Dëst ass d’Geschicht vum Henriette, dat bei den Dokter geet, well et vu schrecklechem Kappwéi geplot ass. An der Salle d’attente fält him eng Méck op, well hatt sech fir Insekten interesséiert. Wéi hatt e Formulaire ausfëlle soll, iert hatt sech am Datum a vun do un iwwerschloe sech d’Evenementer: Näischt a senger Welt ass méi esou, wéi et schéngt. Mä firwat ass hatt esou duercherneen? Stëmmt wierklech eppes net mat him? Wat huet et mat den Erënnerungen op sech, déi him no an no an de Kapp kommen? Wat ass wierklech mat senger Mamm geschitt? Zesumme mat senger beschter Frëndinn Marianne rekonstruéiert hatt senger Mamm hiren Doud a kënnt dobäi der Wourecht méi no, bis et fir hatt selwer geféierlech gëtt.
“Déi Saach mat der Méck” ass datt zweet Buch vum Narmina Pasqualoni.
De Krimi kann een an de Librairien Ernster an Diderich kafen.
Narmina Pasqualoni
1986 zu Lëtzebuerg gebuer, huet d’Narmina Pasqualoni nach ëmmer gär gelies a geschriwwen. Si huet zu Heidelberg a Saarbrécken däitsch an englesch Literatur studéiert a versicht elo als Proff hir Léift fir dës Sproochen un déi nächst Generatioune weiderzeginn. „Schéi komplizéiert“ war hiert éischt fikitiivt Wierk. Wann e Buchclub ugesot ass, ass si och am VANdalinnen-Podcast mam Shari Schenten a Paule Kremer dobäi.
Publikatiounen:
Pasqualoni Narmina: Schéi komplizéiert. Epubli, 2023.
Pasqualoni Narmina: Déi Saach mat der Méck. Epubli, 2025.