D’Alice am Verwonnerland

vum Laure Schreiner

De Publikumshit D'Alice am Verwonnerland ass elo als Täschebuch eraus!

 

Nom grousse Succès vum Laure Schreiner sengem éischten Theaterstéck, kënnt Dir dës wonnerbar humorvoll One-Woman-Show elo och doheem um Pabeier erliewen.

Sidd Dir prett fir d'Spill? Da kommt mam Alice erof an d'Lach a begleet hatt op senge surrealen Aventuren duerch d'Ver-Wonnerland Lëtzebuerg. Laaft ëmmer dem Alen Hues no, dee weess wou et higeet, deen ass jo schliisslech scho säit éiweg dobäi... awer oppassen... net dass Dir schach-platt um Spillfeld vun der Kinnigin lant.

Dësen intelligenten a witzegen Text, mat ville subtillen Uspillungen a sprëtzegem Wuertwitz ass e Muss fir all Frënd vum Lëtzebuerger Theater. Op eng humoristesch a satiresch Aart a Weis gi sozial a politesch Theemen, déi eng jonk Fra beweegen, opgegraff. D'Stéck spillt mat villen intertextuellen Allusiounen, virop natierlech mam Lewis Carroll sengem Alice's Adventures in Wonderland, mä et ass awer och vum Homer senger Odyssee, dem Platon senger Philosophie an dem Shakespeare sengem Theater inspiréiert.

“Een zäitgenëssescht Märche voller Humor a prezise Beobachtungen.” – City Magazine Ville de Luxembourg

“Dës One-Woman-Show bestécht duerch hire literareschen Toun, hir kritesch Haltung an hire séiere Witz.” - Escher Theater

“E grousse Worf! Dat mengt deen, dee scho vill Theater erlieft huet.” - Jemp Schuster

An de Librairien Ernster an Diderich kritt een d’Buch ze kafen.

Laure Schreiner

Scho säit hirer fréister Jugend ass d’Laure Schreiner begeeschtert vu Literatur an Theater. Si schafft haut als Engleschproff an als fräischaffend Schrëftstellerin a Schauspillerin. Hire Studium an der Englescher Literatur huet si op der University of St Andrews ofgeschloss an huet duerno Coursen an der Komparativer Literatur um King's College London besicht.

D'Alice am Verwonnerlandass hiert éischt publizéiert Theaterstéck. Mat iwwer 700 verkaaften Ticketen a 4 ausverkaaften Theaterhaiser, huet dës satiresch Komedie mat vill Charme a Wuertwitz d'Publikum verzaubert an hëlt elo och de Lieser mat an d'Verwonnerland.