De Mystère vun der Ketten
En Orthographietraining
vum Shari Schenten
Mat dësem Léierkrimi kanns du d'Lëtzebuerger Schreifweis op eng flott Manéier trainéieren. Déi wichtegst Reegele ginn am Ufank vun der Lektioun widderholl an erkläert an duerno kënnt en Exercice, integréiert an den Text, fir se ze üben. Hannen am Buch fënnt een e Corrigé, fir d'Exercicer selwer ze verbesseren.
An der Geschicht si mir bei der neier Grande-Duchesse, déi fir e Banquet eng speziell Ketten undeet. Mä op eemol ass se fort.
D’Buch kann een an der Librairie Ernster an op Amazon kafen.
Shari Schenten
D'Shari Schenten huet Germanistik a Romanistik zu Heidelberg studéiert an nach e Master an der Luxemburgistik gemaach. Hatt ass Lëtzebuergeschproff an ass op d'Enseignéiere vum Lëtzebuergeschen als Friemsprooch spezialiséiert. An deem Kader huet hatt d'Buchrei "A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch" erausginn an huet vun 2018 bis 2023 als Enseignante vacataire e Seminar op der Universitéit vu Lëtzebuerg zu deem Theema ginn. Vun 2009 bis 2025 huet hatt als Freelance-Journalistin bei RTL Radio geschafft, virun allem am Beräich vum Sport. Vun 2021 bis 2025 war hatt en Deel vun der Emissioun "Afterwork".
Zesumme mam Paule Kremer mécht hatt de Podcast "VANdalinnen" a mécht och soss verschidde Moderatiounen.
Publikatiounen:
Schenten, Shari: „(K)Eng Fraewelt", Selbstverlag, Differdange, 2025.Schenten, Shari: „De Mystère vun der Ketten. En Orthographietraining”, Selbstverlag, Differdange, 2025.Schenten, Shari: „ De Mystère vun der Ketten. Level A2”, Selbstverlag, Differdange, 2025.Schenten, Shari: “Lama Glama.” Selbstverlag, Differdange, 2026.Schenten, Shari: „A lass. Mir léieren d'Lëtzebuerger Grammaire. 1", Ernster Éditions, Luxembourg, 2025.Bleser, Simone; Schenten, Shari: „A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch. A1“, Ernster Éditions, Luxembourg, 2023.Bleser, Simone; Schenten, Shari: „A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch. A2.1“, Ernster Éditions, Luxembourg, 2024.Bleser, Simone; Schenten, Shari; Wilmes Noémie: „A lass mir léiere Lëtzebuergesch. A2.2”, Ernster Éditions, Luxembourg 2025.